De lëtzebuergesche Museker CHAiLD huet no "Italo Daddy" lo seng neiste Single "Once I'm Gone" released.

Fakten:

De lëtzebuergesche Museker CHAiLD ass no senger leschter Single "Italo Daddy" lo een neien Track mam Numm "Once I'm Gone" erausbruecht. An dëser Single probéiert hien iwwer gebrachen Häerzer a Feeler ze sangen. Och Saachen déi sech beim Erwuesse gi verännere kennen heiansdo schwéier sinn. Hei wieren dacks Konsequenze fir alles wat ee mécht schwéier anzegesinn. An dëser bësse méi emotionaler Ballad kennt dem CHAiLD seng impressionant Stëmm awer rëm komplett zur Geltung a bleift dofir och direkt am Ouer hänken.

Aussergewéinleches:

Den CHAiLD huet eis am Interview verroden, dass hie ganz dacks géif immens laang am Studio brauchen, vue dass hien seng Lidder wierklech wëll perfekt produzéieren. Seng Musek kënnt dann och réischt eraus wann se fir hien als fäerdeg gëllt. Niewent senger Museks-Karriär ass den CHAiLD dann och am Model Beräich ënnerwee wou hien och mol heiansdo bësse méi provokativ Fotoe post.

Fréier Hits:

Dem CHAiLD säi gréissten Hit ass dann de Song "Sick Water" zesumme mam lëtzebuergesche Rapper MAZ. Déi zwee sinn immens gutt Kolleegen an dat mierkt een och an dëser Kollaboratioun. Mëttlerweil huet d'Single op Spotify schonn 290.000 Streams erreecht. Dem CHAiLD säi leschte groussen Hit war dann d'Single "Italo Daddy" déi virun e puer Méint op de Marché komm ass.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

MAZ, Seed to Tree, Tuys