De brittesch-norwegeschen DJ huet seng neiste Single "Shut Up" released. An dës suergt definitiv fir gutt Laun.

Fakten:

Den Alan Walker huet sech an deene leschte Joren definitiv ee Numm an der internationaler Musekszeen gemaach a steet mëttlerweil op deene ganz grousse Büne ronderëm d'Welt. Elo huet hien dann och säin neien Album "Walkerverse" released, op deem dann och d'Single "Shut Up" zesumme mam UPSAHL drop ass. Dës Single suergt einfach fir gutt Laun an huet mam Alan Walker sengem eegene Sound och eppes wat direkt am Ouer hänke bléift.

Aussergewéinleches:

Den Alan Walker ass erréischt säit 2016 als DJ ënnerwee. Mee trotzdeem hat hien direkt a sengem Debut-Joer eng Welttournée. Och an dem Joer huet hien seng Single "Faded" released, déi op der ganzer Welt berüümt ginn ass an als erfollegräichste Single aus Norwege gëllt.

Fréier Hits:

Den Alan Walker ass an der internationaler DJ-Zeen mat Lidder wéi FadedBelievers oder On My Way berüümt ginn. Den Imambek krut souguer schonn ee Grammy fir säi Remix vum Lidd Roses mam SAINt JHN.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Mike Perry, Martin Jensen, Cheat Codes