Den amerikanesche Singer a Songwriter Nicky Youre huet seng neiste Single "Eyes On You" released.

Fakten:

Den 23 Joer alen amerikanesche Singer a Songwriter Nicky Youre ass zeréck mat senger drëtter eegener Single "Eyes On You". No sengem mega-Erfolleg mam Song "Sunroof" ass de jonke Museker net méi ze bremsen. A senger neier Single beschreift de Museker d'Gefill wat hien hat nodeems eng ganz besonnesch Persoun bei hien a Kalifornien geplënnert ass. Doraus ass ee Song entstanen dee gemaach ass fir gutt Laun ze verbreeden an am Auto ze lauschteren an haart matzesange sot de Nicky Youre an engem Interview.

Aussergewéinleches:

Dem Nicky Youre seng Karriär huet eigentlech am Joer 2017 ugefaangen. Hei huet hien ugefaangen an der Kummer vun engem Kolleeg ugefaange selwer Musek ze maachen an och opzehuelen. Am Ufank hunn déi zwee Kolleege mam Programm "Garage Band" probéiert ze schaffen. Déi éischt Single "Sex & Lemonade" koum dunn am Joer 2020 raus an hat no engem Joer scho 50.000 Streams.

Fréier Hits:

Dem Nicky Youre seng gréisste Single bis elo war den Track "Sunroof" mat deem hien et gepackt huet op der ganzer Welt bekannt ze ginn. Fir dësen Track krut hien dann och international vill Präisser.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

david hugo, NEIKES, sammy rash