Den däitsche Rapper huet seng neiste Single released, déi bëssen anescht kléngt wéi een dat vun him gewinnt ass.

Fakten:

Den däitsche Rapper Marteria ass zeréck mat senger neister Single "Wald", wat fir de Museker eigentlech eng Libeserklärung un den Ökosystem Bësch ass. De Marteria ass souwisou eng Persoun déi immens mat der Natur verbonnen ass an der et immens wichteg ass dass een op d'Natur dann och oppasst. De Song selwer ass da vum Sound hier awer definitiv méi roueg wéi een dat vum Museker soss gewinnt war. Keng Party-Single bei der ee ka matsange mee éischter ee Lidd bei der den Text an de Message am Virdergrond stinn.

Aussergewéinleches:

Ier de Marteria d'Single "Wald" released hat, war hien och zesumme mat der Rostocker Emweltschutzfirma "Plant For Future" a Südamerika gaange fir do mat ze hëllefen d'Natur ze retten. Hei ass dann och eng 45-Minutten Doku entstanen déi de ganze Projet nach eng Kéier erkläert an och wéist wisou dat alles esou extrem wichteg ass. All déi Suen déi duerch de Film erakommen, well de Museker och zu 100% fir d'Rettung vum Amazonas spenden.

Fréier Hits:

"Lila Wolken" aus dem Joer 2012 war säin éischte groussen Hit- Plaz 1 an den däitschen Charts. Dono koume mat Lidder wéi Kids (2 Finger an den Kopf) an OMG! weider erfollegräich Singelen no. Awer och seng méi aktuell Lidder kommen immens gutt bei senge Fans un a sou gëllt hien am Moment als ee vun deene gréissten däitsche Rapper.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Sido, Casper, Alligatoah