Déi jonk Musekerin Zoe Wees huet fir Chrëschtdag lo eng modern Versioun vum Klassiker "All I Want For Christmas Is You" erausbruecht.

Fakten:

Déi däitsch Sängerin Zoe Wees stoung jo viru kuerzem och hei zu Lëtzebuerg am Atelier op der Bün a konnt seng Fans mat senger Musek begeeschteren. Fir d'Chrëschtzäit huet d'Zoe Wees lo eng nei Single mam Numm "All I Want (For Christmas)" released. Dës Single ass an Zesummenaarbecht mat Amazon Music entstaanen an ass e Remake vum Klassiker "All I Want For Christmas Is You" vum Mariah Carey. D'Zoe Wees huet erklärt dass hat d'Chrëschtzäit immens gär hätt an hat dofir och direkt hei mat gemaach hätt. Am Dezember soll lo och nach een Tik Tok Event sinn, bei dem ënnert anerem dann d'Zoe Wees wäert seng nei Single presentéieren.

Aussergewéinleches:

Di däitsch Sängerin huet 2017 bei der Castingshow "The Voice Kids" matgemaach. Hatt huet d'Show zwar net gewonnen, huet do awer den Ed Sheeran kenne geléiert. Och hien huet erkannt, dass hatt eng besonnesch Stëmm huet. Dee Weltstar huet deemools gemengt: "D'Zoe huet eng Stëmm, déi absolut no fir geet an eng ganz besonnesch Presenz huet."

Fréier Hits:

D'Zoe Wees huet et an Europa definitiv scho bis ganz no uewe gepackt. Elo ass hat awer och amgaang op anere Kontinenter Fouss ze faassen. Mat Lidder wéi "Control" oder "Girls Like Us" huet hat sech an d'Häerzer vun de Fans gesongen.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

James Arthur, Benee, Julia Michaels