Den däitschen DJ David Puentez huet sech fir seng neiste Single Ënnerstëtzung aus Schweden geholl.

Fakten:

De Benjamin Breyer alias David Puentez ass zeréck mat senger neister Single "Still Got Love". Dës Single huet den däitschen DJ zesumme mam schwedesche Sänger a Multiinstrumentalist Andreas Moe produzéiert. Am Lidd geet et ëm eng Bezéiung an der et dacks zu Sträit kennt an een sech dann ëmmer rëm versprécht deen aneren net méi mat Wieder ze verletzen. Duerno géif een sech dann dacks froe wat fir ee Wäert d'Léift dann nach hätt. Definitiv een Track deen am Ouer hänke bléift a fir Stëmmung suergt.

Aussergewéinleches:

Am September 2022 hat den David Puentez jo och schonn hei zu Lëtzebuerg um LOA Festival gespillt a seng Fans mat sengen Hits begeeschtert. Den DJ deen eigentlech Benjamin heescht koum mat 15 Joer déi éischte Kéier op Ibiza a Kontakt mat der DJ Zeen. Vue dass seng Eltere bei der Gebuert sech fir de Benjamin an net David entscheet hunn, war David dunn ee passende Kënschtlernumm. Puentez ass dunn nach no enger Zäit dobäi komm.

Fréier Hits:

Säi gréissten Hit bis elo a senger Karriär war de Remix vun der Single "Superstar", déi hien am Joer 2020 rausbruecht hat. Mat dësem stoung de Kölner DJ op eemol international an den Charts a kuerz drop och op alle grousse Bünen.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Toby Romeo, Yves V, Afrojack