De Lewis Capaldi huet ganz spontan déi zweet Single vu sengem neien Album released.

Fakten:

De schottesche Singer a Songwriter ass scho säit dem Teenager-Alter amgaang Musek ze maachen an huet seng éischt Optrëtter a schottesche Bistroe gehat. Elo ass hie mat senger neister Single "Pointless" zeréck, déi hien zesumme mam Weltstar Ed Sheeran geschriwwen huet. De Lewis Capaldi huet an engem Interview erzielt, dass déi éischt Zeil "I bring her coffee in the morning, she brings me inner peace" vum Ed Sheeran geschriwwe gouf an hien doropper déi ganz Single duerno opgebaut huet.

Aussergewéinleches:

Nom Lewis Capaldi senger leschter Single "Forget Me" déi am Mee 2022 erauskomm ass, ass dat hei schonn déi zweet Singleauskopplung vu sengem neien Album. Den neien Album "Broken By Desire To Be Heavenly Sent" op dem dann och "Pointless" mat drop wäert sinn, kënnt den 19. Mee 2023 op de Marché.

Fréier Hits:

Dem Lewis Capaldi seng gréissten Hits bis elo ware mat Sécherheet "Someone You Loved" a "Before You Go" mat deenen hien op Spotify scho Millioune Streams erreecht huet. Awer och säi rezenten Hit "Forget Me" ass international an den Charts gewiescht an ass immens gutt bei senge Fans ukomm gewiescht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

James Bay, Dean Lewis, James Arthur