Ganz emotionale Song vum brittesche Sänger James Arthur.

Fakten:

De brittesche Singer a Songwriter James Arthur huet mat senger neister Single "Heartbeat" eng ganz roueg an emotional Single op de Marché bruecht. Dëse Song huet den James Arthur fir säi Meedchen Emily geschriwwen, fir him ze soe wéi frou hie mat him wier. Am November hat den James Arthur de Song dann och well op Social Media ugekënnegt gehat a seng Fans waren direkt motivéiert de ganze Song ze héieren.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2012 huet de Sänger bei der Casting Show "The X Factor" matgemaach an huet déi dann och gewonnen. Doduerch ass de Sänger dann och berüümt ginn an huet sech fest an der Museksbranche integréiert. Duerch den Drock an der Museksbranche huet den James Arthur vill Alkohol a Medikamenter geholl. Seng Panikattacken an Angscht  huet hien a senger Autobiografie "Back To The Boy" beschriwwen. Haut setzt hien sech och vill vir Organisatiounen an, déi sech fir mental Gesondheet asetzen.

Fréier Hits:

Dem James Arthur seng gréissten Hit-Single ass mat Sécherheet d'Lidd "Say You Won't Let Go" aus dem Joer 2016 vu sengem Album "Back From The Edge". Awer och Lidder wéi "Naked", "Falling Like Stars" oder "Train Wreck" dierfen op kengem Concert vum brittesche Museker feelen. Am ganzen huet hien dann och scho méi wéi 25 Millioune CDe verkaaft.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

James Bay, Calum Scott, Dean Lewis