Den däitsch amerikanesche Museker Myle huet seng nei Single "Sad Boy Summer" released, déi och op senger neier EP mat drop wäert sinn.

Fakten:

Schonn als Kand huet de Myle ugefaange selwer Musek ze schreiwen, wann hie bei senge Grousselteren zu New York an der Vakanz war. Hei ass seng Léift zu Folk, Blues an Jazz entstanen déi him bis haut bliwwen ass. Dat héiert een dann och a senger neister Single "Sad Boy Summer", wat eng bësse méi roueg Singer a Songwriter Single ass, déi trotzdeem genuch Drive huet fir am Ouer hänken ze bleiwen. Dës ass dann och op senger neister EP mat drop, déi wéi d'Single "Sad Boy Summer" heescht.

Aussergewéinleches:

De Myle heescht eigentlech Milo Hölz an huet ee groussen Deel vu senger Kandheet bei senge Grousselteren zu New York verbruecht. Dem Myle seng Mam ass vu New York a säi Papp vu Ravensburg. Am Moment lieft de Museker awer an Däitschland. Säin éischte méi groussen Optrëtt hat hie mat 16 Joer um Southside Festival, wou hien och déi éischte Kéier e puer Joer virdrun als Visiteur war. Hei stoungen deemools ënnert anerem och Green Day a Milky Chance mat op der Bün.

Fréier Hits:

Am Joer 2020 huet de Myle seng éischt eege Single released. Mat "Late Night High" konnt hien sech scho bëssen een Numm maachen. Bësse méi bekannt gouf hien dann duerch Lidder wéi "Hold Me" oder "Not Ready"déi och e puer Millioune mol op Spotify gestreamed goufen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Malik Harris, clide, Evan Klar