Och d'Lizzo huet fir d'Chrëschtzäit mat "Someday At Christmas" eng nei Single released.

Fakten:

Och déi amerikanesch Sängerin Lizzo huet sech fir dëst Joer un engem bekannte Chrëschtlidd inspiréiert. Viru kuerzem huet hat eng nei a modern Versioun vum Stevie Wonder sengem "Someday At Christmas" released. D'Original Lidd ass dann och scho viru 55 Joer rauskomm gewiescht an d'Lizzo huet sech heivir entscheet vue dass hat seet dass mer och vill Joer duerno nach fir Fridden a Gläichberechtegung kämpfen.

Aussergewéinleches:

D'Sängerin a Rapperin vu Minneapolis modelt niewebäi fir Plus-Size Labels an engagéiert sech fir di  gläichgeschlechtlech Léift. Alles mam Hannergrond, d'Mënschen doran ze stäerken si selwer ze sinn. Well Musek a Modelen eleng him net duer ginn, produzéiert d'Lizzo ausserdeem d'Online-Serie “Big Girls Small World“.

Fréier Hits:

Am Joer 2014 huet d'Lizzo dann säin éischten Album "Lizzobangers" released. Säi groussen internationalen Duerchbroch hat d'Sängerin allerdéngs réischt bësse méi spéit mat sengem Lidd "Good As Hell" zesumme mam Ariana Grande. Awer och "Rumors" zesumme mam Cardi B war ee vum Lizzo senge gréissten Hits bis elo. Seng lescht grouss Single "About Damn Time" huet dann och all Rekorder gebrach an dierft da bis elo och säi gréissten Hit sinn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Cardi B, Normani, Megan Thee Stallion