Fir dës Single huet sech déi lëtzebuergesch Sängerin Irem Verstäerkung vum Maz geholl.

Fakten:

Déi lëtzebuergesch Sängerin Irem huet seng neiste Single "Fading Rose" released, op der hat sech och Ënnerstëtzung vum lëtzebuergesche Rapper Maz geholl huet. "Fading Rose" ass ee Song iwwert d’Gefill sech an enger Bezéiung eleng a verluer ze fillen, mee trotzdeem ze probéieren nach un déi Léift fest ze halen och wann se lues a lues verschwent. Et bedeit och den Ufank vun engem neie Kapitel, dem nächste Schrëtt a menger musikalescher Karriär.

Aussergewéinleches:

D'Single ass dann och déi éischt déi d'Irem zesumme mam Tun Tonnar produzéiert huet. Am Eldo-Interview huet d'Musekerin dann och verroden, dass dës Single him immens vill bedeit, vue dass et déi éischte Kéier war, dass hat wierklech eleng fir seng Musek am Studio war an hei och immens opgereegt war.

Fréier Hits:

Dem Irem seng éischt Single "Ëmmer méi" ass am Joer 2022 erauskomm, déi hat zesumme mam Turnup Tun agesongen hat. E weideren Erfolleg war dann och dem Irem säi Feature um Sixo senger Single "Gold" déi och immens gutt hei zu Lëtzebuerg bei de Fans ukomm ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Lilou, Barkissa, Zana