Den däitsche Reggae Museker ass zeréck mat sengem aktuellen Album "Mad World"

Fakten:

Den däitsche Reggae Museker Gentleman huet viru kuerzem säin neisten Album "Mad World" erausbruecht, deen hie rëm komplett op Englesch gesongen huet. Op dësem Longplayer ass och eisen Xclusiv vun haut "Jah Only" mat drop. Dësen Track ass dann och wierklech ganz relax gehalen. Trotzdeem bleift d'Melodie awer gutt am Ouer hänken an et ass éischter ee Song dee bësse manner Reggae Vibes a Sounds mat dobäi huet.

Aussergewéinleches:

Nieft sengen Tracks op Däitsch an Englesch, séngt den Gentleman och op Patois, och nach genannt Patwa(h). Dat ass eng Kreolsprooch mat englesche Wuerzelen, déi virun allem op Jamaika verbreet ass. Patois gëtt ausserdeem op anere Karibik-Inselen ewéi Belize, Costa Rica, Panama oder Guatemala ewéi och a verschiddenen Deeler vun den USA an a villen anere Länner geschwat.

Fréier Hits:

Mat sengen däitschen Tracks "Schöner Tag (feat. Sido & Jugglerz)", "Devam (feat. Luciano & Ezhel)" oder "Ahoi" hat den Gentleman an der Lescht groussen Erfolleg. Virun allem sinn et awer seng englesch-sproocheg respektiv international Songs ewéi "It No Pretty", "To The Top", "Superior" oder "Intoxication" déi jiddereen dierft a gudder Erënnerung hunn!

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Ky-Mani Marley, Seeed, Max Herre & Tamika