De Martin Garrix ass zeréck mat enger neier Single déi vu Marvel inspiréiert ass.

Fakten:

Den hollänneschen DJ a Produzent Martin Garrix gehéiert warscheinlech zu deene bekanntsten DJen op der Welt an huet scho mat gnaz villen anere Museker zesummegeschafft. Elo ass de Martin Garrix mat senger neier Single "Hero" zeréck, bei der hien sech fir de Gesang vum JVKE ënnerstëtze gelooss huet. D'Single an och de Museksvideo sinn dann vum Mavel Spill "Marvel Snap" inspiréiert. Am Laf vum Video erfuerscht den JVKE dann d'Pro a Kontra Säite vun enger Bezéiung an dat unhand vu Marvel-Charaktere wéi dem Spider-Man an dem Mary Jane oder dem Storm a Black Panther.

Aussergewéinleches:

Éischte kommerzielle Succès hat de Martin Garrix 2013 mat senger 2. Solosingle "Animals".  Nodeems hie reprochéiert krut, d'Lidd net selwer produzéiert ze hunn, huet hien an engem 70 Minutte laange Video gewisen, wéi hien den Track gemaach huet. An engem weidere Video vum Future Music Magazine, an deem den hollänneschen DJ erkläert, wéi hien seng Hitsingle produzéiert huet, gesäit een , dass hien deelweis  gecrackte Software benotzt, wat him nach mol Kritik abruecht huet.

Fréier Hits:

De Martin Garrix ass deemools mat senger Hit-Single "Animals" extrem bekannt ginn a säitdeem ass den Hype ronderëm den hollänneschen DJ och net méi ze bremsen. Mat Lidder wéi "In The Name Of Love" oder "Scared To Be Lonely" stoung hie ganz uewen an den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Axwell, Steve Aoki, Hardwell