Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun vu PNAU an dem Troye Sivan!

Fakten: 
No hirem Sensatiouns-Erfolleg mat "Cold Heart" (feat. Dua Lipa & Elton John) ass den australeschen Trio PNAU zeréck mat engem neie Banger fir d'Danzpist. Zesumme mam Troye Sivan hu si den Track "You Know What I Need" erausbruecht. Dem Sivan seng Stëmm passt perfekt op d'PNAU-Mëschung aus Pop-Hooks, Disco-Grooves an e bësse Synth-Pop. "When we wrote this song we had no idea that we would get so lucky to have Troye Siven singing and bringing his unbridled creativity to the world of PNAU", esou den Nick Littlemore.

Aussergewéinleches:
Speziell ass definitiv de Musek-Video vun der Single "You Know What I Need". Dëse gouf nämlech vun enger KI generéiert. D'Kënschtlech Intelligenz huet Handy-Videoe vum Troye Sivan an en anert Universum katapultéiert an dorauser psychedelic Visuals gemaach. Inspiréiert wier dat Ganzt vun der "Stargate Sequenz aus 2001: Space Odyssey", esou de Produzent Kuba Matka.

Fréier Hits:
Virun allem duerch "Cold Heart" si PNAU weltwäit grouss ginn. De Song huet siwe Mol Platin gewonnen, war 2021 dee siwent-meescht-gestreamte Song weltwäit op Apple Music an och deen Track deen dat ganzt Joer iwwer am meeschte geshazamed gouf. Den Troye Sivan konnt ënnert anerem mat "My My My!" an "i'm so tired" (feat. Lauv) grouss Erfolleger feieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Hayden James, Empire of the Sun & Calvin Harris