Déi däitsch Musekerin huet den nächsten Track vu sengem éischten Album released.

Fakten: 
Viru kuerzem huet d'Nina Chuba bei der 1Live Krone direkt zwee Präisser mat heem geholl. Dat fir säin Track "Wildberry Lillet" an dann och nach fir de beschten Newcomer Act. Elo ass déi däitsch Musekerin dann zeréck mat sengem neisten Track "Glatteis", deen och um Nina Chuba sengem Debut Album "Glas" mat drop wäert sinn, deen de 24. Februar erauskomme wäert. An der Single séngt d'Musekerin dovunner, dass hat sech nach eng leschte Kéier vun enger Persoun op d'"Glatteis" ze feieren.

Aussergewéinleches:
Laang viru senger musikalescher Karriär war d'Nina Chuba Schauspillerin. Vläicht dierften e puer Leit hatt nach aus der NDR-Kanner-Serie "Die Pfefferkörner" kennen. D'Nina huet awer och an der ZDF-Police-Serie "Notruf Hafenkante" an am Film "Eine Hand wäscht die andere" matgespillt. Donieft hat hatt Haaptrollen a Projeten ewéi "Das Traumschiff - Hawaii" a "Letzte Spur Berlin".

Fréier Hits:
2016 huet dem Nina Chuba seng musikalesch Karrär als Singer/Songwriterin an der Band BLIZZ ugefaangen. No mässegem Succès huet hatt d'Band 2018 verlooss, ass op Berlin geplënnert an huet eng Solo-Karriär gestart. No etleche Songs op Englesch an zwee EP-Releases ("Power" 2020 & "Average" 2021) huet d'Nina Chuba Enn 2021 mat der Single "Alles gleich" säin Debut op Däitsch gefeiert. Vun do un ass et rasant biergop gaangen. D'Rapperin schafft mëttlerweil mat renomméierte Produzenten ewéi Dokii, Juh-Dee oder Young Mesh zesummen, huet scho Features mat Kummer a Provinz.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Majan, Schmyt, Kummer & Provinz