De belschen DJ Lost Frequencies huet och am Wanter nach e puer cool Tracks op Lager.

Fakten: 

De Felix De Laet aka Lost Frequencies huet sech fir seng neiste Single "Back To You" mat der amerikanescher Sängerin Elley Duhé an der pop-rock Band X Ambassadors. Domadder ass dës Single och den éischten Track vum belsche Sänger, bei dem hien eng weiblech Stëmm als Frontsängerin mat u Bord huet. Raus komm ass een typeschen EDM Song, deen trotzdeem un anere Stiler orientéiert ass.

Aussergewéinleches:

De jonke belschen DJ wunnt net ganz wäit wech vu Lëtzebuerg, wat dann och mat sech bréngt, dass hien an deene leschte Joren déi eng oder aner Kéier och hei am Land opgeluecht huet. Fir de Rescht ass hien dann awer éischter op deene ganz groussen Events ënnerwee.

Fréier Hits:

Zum Lost Frequencies senge ganz groussen Hits gehéiere Lidder wéi "Where Are You Now" oder "Are You With Me" déi bis haut nach a kengem Set vun him dierfe feelen a scho richteg EDM Hymne gi sinn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

DJ Snake, The Chainsmokers, Sam Feldt