Den däitschen DJ a Produzent Topic huet och fir de Wanter nach e puer nei Hits produzéiert.

Fakten: 

Den däitschen DJ a Produzent (Tobias) Topic huet seng Carrière am Alter vu 16 Joer ugefaangen. Deemools huet hie seng Lidder op Social-Media eraus bruecht, huet seng Videoe mat Ënnerstëtzung vu senge Frënn gedréit a säi Merchandise selwer gemaach. Mëttlerweil gouf de Museker scho mat Platin ausgezeechent. Elo ass de Produzent zréck an huet sech fir seng nei Single mam brittesche Sänger HRVY zesumme gedinn. Déi nei Kollaboratioun "All Or Nothing" ass eng melodiéis Dance-Nummer!

Aussergewéinleches:

Ugefaangen huet dem Jong vun engem kroatesche Papp an enger däitscher Mamm seng Karriär schonn am Alter vu 16 Joer mat dem  Filme vun éischte Museksvideoen zesumme mat Frënn an dem Verkaf vu Merchandise fir YouTube-Staren, quasi direkt aus der Kiche vu senger Mamm.

Fréier Hits:

Den Duerchbroch war dem Topic Ufank 2016 gelongen, wéi seng 2. Single „Home“ (feat. Nico Santos) Plaz 1 vun den däitschen Aiplay-Charts erreecht huet a mat Gold ausgezeechent gouf.  Nieft enger Dose Singelen (dorënner Hits mam Ally Brooke vu Fifth Harmony an Jake Reese) huet den Topic och Produktioune fir aner Acts (Kayef, Liont u.a) gemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Flo Rida, Benny Blanco, Mike Posner