Haut stelle mer déi ganz nei Single vun der amerikanescher Sängerin Ava Max vir.

Fakten: 

Déi amerikanesch Sängerin huet seng neiste Single "Dancing's Done" released. Den Dance-Track ass zesumme mam Produzent Henry Walter entstanen, deen och scho fir d'Miley Cyrus oder Maroon 5 geschafft huet. Den Track wäert dann och um Ava Max sengem neien Album "Diamonds & Dancefloors" mat drop sinn, deen de 27. Januar wäert op de Marché kommen.

Aussergewéinleches:

D'Ava Max ass am Joer 1994 ënnert dem Numm Amanda op d'Welt komm. Mat 13 Joer huet d'Musekerin awer fir sech entscheet just nach ënnert dem Numm Ava opzetrieden. Wéi d'Ava Max dunn op Los Angeles wunne gaangen ass fir seng Musekskarriär ze lancéieren. Hei huet hat dann um Ufank just vun 20 Dollar d'Woch gelieft.

Fréier Hits:

Zu deene ganz groussen Hits vun der Sängerin gehéiere Lidder wéi "Sweet but Psycho" oder och "Kings & Queens". Mat dëse Lidder ass d'Ava Max op der ganzer Welt bekannt ginn an huet och eng Rei Präisser domadder gewonnen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Mabel, Rita Ora, Camila Cabello