Haut presentéiere mir iech deen aktuellen Hit "Escapism" vum Raye!

Fakten:
Schonn am Oktober hat d'Raye "Escapism" zesumme mat der amerikanescher Rapperin 070 Shake erausbruecht. Den Track ass eng Single-Auskopplung aus sengem Debut-Album "My 21st Century Blues", deen den 3. Februar 2023 soll erauskommen. Réicht elo am Dezember huet den Track awer esou richteg Faart opgeholl. "Escapism" geet aktuell viral op TikTok a performed doduerch och an den internationale Singles-Charts extrem gutt. An Irland stoung d'Sängerin zum Beispill op der éischter Plaz, an England war et d'Plaz 2 an Top-20-Platzéierungen goufen et ënnert anerem an Neiséiland, Norwegen, Schweden an der Schwäiz. Besonnesch d'Zeilen "The man that I love sat me down last night / And he told me that it's over, dumb decision" schéngen de Vibe op TikTok voll ze treffen.

Aussergewéinleches:
An engem Interview mat der Official Charts Company huet d'Raye verroden, dass hatt "Escapism" besonnesch feiert, well en déi haiteg Standard-Struktur vun engem Pop-Song duerchbrieche géif. Mat 4:30 Minutten ass den Track effektiv däitlech méi laang wéi een dat mëttlerweil gewinnt ass. "Escapism" ass an enger klenger Hütt an de Bierger vu Utah entstanen: "Me and a friend hired a car and drove up there in the middle of winter, through the snow and everything! It is a story about running away from everything as fast as you can and going on your own."

Fréier Hits:
Och wann iech den Numm Raye vläicht net direkt esouvill seet, seng Stëmm hutt dir mat Sécherheet schonn héieren. Mat Kollaboratiounen ewéi "You Don't Know Me (feat. Jax Jones)", "Stay (feat. David Guetta)", "Tequila (feat. Jax Jones & Martin Solveig)" oder "Waterfall (feat. Disclosure)" liwwert hatt zanter Joren de Sound fir d'Dancefloors weltwäit. No engem Konflikt an der Trennung mam Ex-Label Polydor Records, verfollegt d'Raye awer elo komplett säi Solo-Projet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Mabel, Pink Pantheress & Little Simz