Haut presentéiere mir iech déi nei Single "Geradeaus" vun Deichkind!

Fakten:
Mat "Geradeaus" presentéieren Deichkind déi zweet Single-Auskopplung aus hirem neien Album "NEUES VOM DAUERZUSTAND", deen de 17. Februar 2023 erauskënnt. Am Text fënnt een den typeschen Deichkind-Humor mat ironeschen Uspillungen awer och engem politesche Message. D'Hamburger Band thematiséiert a kritiséiert, dass et an eiser haiteger Gesellschaft ëmmer nëmmen ëm Selbstoptiméierung a wirtschaftleche Wuesstem geet, an ze seelen iwwert den aktuellen Zoustand reflektéiert gëtt. Musikalesch ass "Geradeaus" eng Mëschung aus Hip-Hop an Elektro-Pop.

Aussergewéinleches:
Och am Musekvideo hunn Deichkind e puer Uspillungen op politesch Evenementer agebaut. An der éischter Sequenz gesäit een zum Beispill e Stand-Up-Paddler um Mier, hannert deem d'Schëff "Ever Given" laanschtfiert. Mir erënneren eis: D'"Ever Given" hat 2021 deeglaang de Suezkanal blockéiert, de Schëffsverkéier opgehalen a fir weltwäit Liwwer-Problemer gesuergt. Donieft imitéiert den Deichkind-Sänger Philipp Maria Grütering am Video och dem "Kremlflieger" Matthias Rust säi "Friedensflug" aus dem Joer 1987, dee mat senger Maschinn an der deemoleger Sowjetunioun gelant war.

Fréier Hits:
Hir éischt grouss Erfolleger konnt d'Hamburger Hip-Hop- an Elektropunk-Formatioun ëm d'2000er Joren mat Tracks ewéi "Bon Voyage (feat. Nina)" feieren. Duerno hunn ëmmer méi elektronesch Elementer de Wee an hir Musek fonnt, hei sinn definitiv Songs ewéi "Remmidemmi (Yippie Yippie Yeah)" (2006), "Arbeit nervt" (2008) a "Leider Geil" (2012) ze ernimmen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Peter Fox, Marteria & K.I.Z.