Haut presentéiere mir iech en neien Dancefloor-Banger vu Galantis, David Guetta & MNEK!

Fakten:
Zesumme mam David Guetta an dem Singer/Songwriter MNEK hunn d'Schwede vu Galantis elo "Damn" erausbruecht. Genee dat, wat ee sech bei enger Guetta-Galantis-Kollaboratioun erwaart, kritt een och: Disco-House-Vibes mat fettem Beat, clubby Synthies a Sträicher. Thematesch handelt d'Single vum Bedaueren, dat ee verspiert, wann een e Mënsch aus sengem Liewen zéie gelooss huet, dat duerno awer batter bereit.

Aussergewéinleches:
"Damn (You've Got Me Saying)" ass schonn déi zweet Kollaboratioun déi den David Guetta a Galantis erausbréngen. Mat "Heartbreak Anthem (feat. Little Mix)" hat d'Kombo 2021 ee vun den erfollegräichsten Tracks iwwerhaapt released. Den Track gouf international e puer Mol mat Gold- a Platin-Placken ausgezeechent a krut eng Nominéierung fir "Best International Song" bei de BRIT Awards.

Fréier Hits:
Galantis an den David Guetta hunn zesumme gefillt 100.000 Hit-Singles am Laf vun hirer Karriär erausbruecht. Bei Galantis stiechen definitiv "Runaway (U & I)", "No Money" a "Peanut Butter Jelly" eraus. Beim David Guetta si virun allem seng fréi Club-Banger "Memories", seng Kollaboratiounen mam Sia ("Titanium" oder "Flames") an déi aktuell Hits ewéi "Crazy What Love Can Do" oder "I'm Good (Blue) feat. Bebe Rexha" ervirzehiewen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Robin Schulz, Calvin Harris, Tiësto & Martin Garrix