Haut presentéiere mir iech déi nei Single aus dem SZA sengem aktuellen Album!

Fakten: 
Ufanks Dezember huet déi amerikanesch Kënschtlerin SZA säin Album "SOS" erausbruecht - elo geet déi nei Single "Kill Bill" duerch d'Decken! Wéi den Titel et scho verréit, bezitt d'SZA sech a sengem Song op d'Filmer aus de fréien 2000er mam nämlechten Numm. Zeilen ewéi "I might kill my ex, not the best idea" maachen däitlech, dass hatt am Song géint seng Jalousie kämpft an dass dës hatt op däischter Gedanke bréngt.

Aussergewéinleches:
Mat "SOS" huet d'SZA net emol eng Woch gebraucht fir en neie Rekord opzestellen. Keen anere Longplayer vun enger schwaarzer weiblecher Kënschtlerin hat bei engem grousse Streaming-Déngscht esou séier 300 Milliounen Streams geknackt. "SOS" steet iwweregens aktuell och fir déi zweet Woch hannerteneen op der Plaz 1 vun den amerikaneschen Album-Charts. Och mam Song "Kill Bill" huet d'SZA e perséinlechen Erfolleg gefeiert, et ass seng éischt Nummer 1 bei de Billboard Streaming Songs.

Fréier Hits:
Déi amerikanesch Singer/Songwriterin huet 2010 ugefaange Musek ze maachen. 2017 huet hatt säin Debut-Album "Ctrl" erausbruecht a gudd Rezensiounen vu Kritiker*innen weltwäit kritt. An der Vergaangenheet hat d'SZA e puer erfollegräich Kollaboratiounen mam Kendrick Lamar ("All The Stars"), Doja Cat ("Kiss Me More") oder Maroon 5 ("What Lovers Do").

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Jorja Smith, Frank Ocean & Kendrick Lamar