De brittesche Pop-Sänger ass zeréck mat sengem neien Album "Marry Me" an op dësem ass och dës Single.

Fakten:

Am Dezember 2022 ass dem Olly Murs säi 7ten Studioalbum "Marry Me" op de Marché komm an op dësem war dann och d'Single "I Hate You When You're Drunk" mat drop. An dësem Song probéiert de brittesche Sänger ze beschreiwen, dass et bei senge Kolleegen a Famill der dacks sinn, déi een iwwert den Duuscht gedronk hunn an hien dat hei well aus der Siicht vun enger niichter Persoun well weisen. Inspiréiert gouf den Olly Murs hei vu senger Frëndin an et géif him Spaass maachen och mol heiansdo Lidder iwwert hir gemeinsam Bezéiung ze schreiwen.

Aussergewéinleches:

An der Castingsendung  "X Factor" krut hien 2009 éischt Opmierksamkeet an doropshin och e Plackekontrakt. Hien huet zum Stevie Wonder sengem Hit "Superstitious" gedanzt wéi keen Zweeten.

Fréier Hits:

Den Debütalbum "Olly Murs" huet 2010 an England Plaz 2 erreecht. Seng éischt Hitsingle war "Please Don't Let Me Go": Plaz 1 an de brittesche Single-Charts. 2012 hat den Olly Murs an Däitschland säin éischten Hit mat "Heart Skips A Beat". Dono hat hien weider Hits mat "Troublemaker" an "Dear Darlin".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Justin Timberlake,Flo Rida, Jason Derulo