Haut stelle mer déi nei Single vun der hollännescher Musekerin Sera vir, déi viru kuerzem erauskomm ass.

Fakten: 

Déi 28 Joer al hollännesch Musekerin Sera huet seng neiste Single "Head Held High" released. Dëst ass dann och schonn déi drëtt Single déi d'Musekerin an dësem Joer bis elo erausbruecht huet. Duerch Instagram huet d'Musekerin an deene leschte Joren op sech Opmierksam gemaach.

Aussergewéinleches:

Vue dass d'Sera schonn als Kand permanent mat Musek a Kontakt war a seng Elteren och ëmmer Musek gelauschtert hunn, huet hat och op eemol ugefaange selwer Cover-Versioune vu verschiddene Lidder ze sangen. Op Instagram huet hat ëmmer méi Follower kritt bis op eemol esouguer den Justin Bieber ënnert dësen. Domadder awer nach net genuch: Op eemol huet dem Christinao Ronaldo seng Managerin him ugeruff a kuerz drop huet d'Sera op deem sengem 35te Gebuertsdag gesongen. Dat war dann och dem Sera säin alleréischte Live-Optrëtt.

Fréier Hits:

Am Joer 2021 huet d'Sera seng alleréischt Single "Only Us" released. Dës huet dann och op Spotify scho bal 8 Millioune Streams erreecht. No "Pretty Face" an "Stones For Diamonds" ass "Head Held High" elo schonn déi drëtt Single déi d'Musekerin am Joer 2022 erausbruecht huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

RANI, Jay Ventura, Haris