Déi zwee lëtzebuergesch Museker hunn een neie Song komplett op lëtzebuergesch released.

Fakten: 

Den Turnup Tun ass mat neier Musek zeréck an dat net eleng mee dës Kéier zesumme mam lëtzebuergesche Singer a Songwriter CHAiLD. Hir nei Single "Camouflage" ass eigentlech ee Post-Heartbreak Song, an dem et ëm dee Moment am Liewe geet, wann een no enger Trennung rëm ufänkt um normale Liewen deelzehuelen. De Song ass dann an Zesummenaarbecht vum Turnup Tun, CHAiLD a Majestick Records entstanen a wäert da warscheinlech och um Tun sengem nächsten Album mat drop sinn, deen an deenen nächste Méint soll erauskommen.

Aussergewéinleches:

Den CHAiLD ass wéi och den Turnup Tun definitiv keen Onbekannte méi an der nationaler Musekszeen. Beim CHAiLD senge Lidder huet hien awer bis elo just op Englesch gesongen. Nodeems dem Tun bei der Produktioun vu "Camouflage" eng weider Stëmm gefeelt huet, huet den Tun den CHAiLD dozou kritt seng éischt Single op lëtzebuergesch ze sangen.

Fréier Hits:

Den Tunup Tun ass säit Joren an der lëtzebuergescher Museksbranche ënnerwee an huet och schonn eng ganz Rei u Lidder released. Zu senge groussen Hits gehéiere Lidder wéi "Stau", "Schëdden" zesumme mam DJ Nosi, oder och seng méi aktuell Single "Mamacita" an der hie bësse méi emotional ginn ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Tommek, Maz, Ragga