Den amerikanesche Multiinstrumentalist a Produzent Oliver Tree huet mat "Sunshine" seng aktuellste Single released.

Fakten: 

Den Oliver Tree ass 1993 gebuer an huet schonn als Kand ugefaangen sech ëmmer fir déi verrécktste Saachen ze hunn an dat huet definitiv bis haut ugehalen. Elo ass hie mat senger neier Single "Sunshine" zeréck, déi dann och op sengem neien an zweeten Album "Cowboy Tears" mat drop.

Aussergewéinleches:

Den US-Amerikaner ass als Kand an enger Zirkusfamill opgewuess an am Zirkus selwer mam Vëlo opgetrueden. Den Oliver Tree war professionelle Scooter-Fuerer. Mat 18 huet hie sech awer bei enger Chute béid Handgelenker a weider Schanken an der Hand gebrach. Comedy-Sketcher schreift hien och. An och mat der Musek huet hie ganz fréi ugefaangen. Mat 3 Joer huet hie Piano geléiert, mat 5 huet hie säin éischte Song geschriwwen.

Fréier Hits:

Den Oliver Tree huet a senger Karriär schonn eng ganz Rei u Lidder released. Zu sengen gréissten Hits gehéieren awer Songs wéi "Life Goes On", "Miss You" oder "Alien Boy" déi och op de social Media Plattformen duerch de Plaffong gaange sinn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Twenty One Pilots, Blackbear, Lil Nas X