Haut stelle mer déi nei Single "Let's Call It Love" vir, déi a kengem Club méi dierf feelen.

Fakten: 

Déi 21 Joer al däitsch Djane a Produzentin Lunax ass zwar nach immens jonk, mee huet an deene leschte 5 Joer scho richteg Fame kritt a gehéiert haut zu deene gefrotesten däitsche weiblechen DJs an Däitschland. Mat iwwer 165 Millioune Streams op Spotify mierkt ee séier dass och seng Fans der ëmmer méi ginn. Elo ass d'DJane zeréck mat enger neier Kollaboratioun mat der däitscher Sing a Songwriterin Mary Jensen an hirem neie Song "Let's Call It Love". Fir d'Joer 2023 direkt mat Vollgas ze starten dierf dëse Song dann och néierens méi op der Playlist feelen.

Aussergewéinleches:

An de Kontor Studios hunn sech d'Lunax an d'Mary Jensen sech déi éischte Kéier perséinlech getraff a gemierkt dass si immens gutt géife mateneen eens ginn. D'Mary Jensen huet och scho fir vill aner bekannt DJs wéi zum Beispill de Steve Aoki oder Timmy Trumpet geschriwwen. Doduerch ass hat an der Zeen dann och schonn eppes wéi ee Geheimtipp ginn.

Fréier Hits:

DJane Lunax ass da scho säit 5 Joer am Gaang Musek ze produzéieren an zu sengen groussen Hits gehéiere Lidder wéi "I Like", "Drunk In Love" oder "Safe & Sound". Warscheinlech wäert een an Zukunft awer och nach ganz vill vun him ze héiere kréien.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Rezz, Nervo, Mattn