Haut presentéiere mir déi ganz nei Single vum Wincent Weiss!

Fakten:
Den däitsche Singer/Songwriter Winent Weiss start mat engem neie Song an d'Joer 2023. "Alleine Bin" ass déi zweet Single-Auskopplung aus dem neien a véierte Studio-Album "Irgendwo Ankommen", deen den 28. Abrëll vun dësem Joer erauskënnt. Am Track beschreift de Museker d'Angscht virun der Rou, wärend där ee ganz dacks Gedanken a Gefiller anhuelen, déi ee soss ënnerdréckt. "Die letzten Jahre hatte ich nämlich oft Angst davor, zur Ruhe zu kommen und mit mir allein zu sein. Denn dann wurden sie laut, die Gedanken, Zweifel und aufgeschobenen Aufgaben, die ich so gerne und so lange erfolgreich verdrängt und mit meinem lauten Leben übertönt habe", erklärt de Wincent deen neien Track. Musikalesch fënnt een ongewinnten elektronesch Elementer op "Alleine Bin".

Aussergewéinleches:
Ufanks Januar hat de Wincent Weiss déi grouss Éier an der ausverkaafter Hamburger Elbphilharmonie opzetrieden. Dat am Kader vun engem Benefiz-Concert fir Channel Aid. Hei huet hien och dem Josh säi Song "Cordula Grün" gecovered an domat de Sall zum explodéiere bruecht:

Fréier Hits:
Mat sengem Album "Vielleicht Irgendwann" konnt de Wincent Weiss 2021 fir eng éischte Kéier op d'Plaz 1 an den däitschen Charts klammen. Den Hit "Wer wenn nicht wir" huet innerhalb vu kuerzer Zäit Gold-Status erreecht. Am Laf vu senger Karriär konnt den Däitschen ënnert anerem schonn een MTV Europe Music Award an een Echo gewannen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Max Giesinger, Lena, Mark Forster & Lotte