Haut presentéiere mir déi nei Single "In Your Eyes" vun der lëtzebuerger Kënschtlerin Tyra!

Fakten: 
Mat "In Your Eyes" verëffentlecht d'Tyra déi drëtt Single-Auskopplung aus sengem neien Album "Redemption", deen den 10. Februar erauskënnt. Och dëse Song ass an Zesummenaarbecht mam lëtzebuerger Produzent Tom Gatti entstanen. Mat "In Your Eyes" geet d'Tyra vun de melancholesche Melodien fort a weist eng méi haart Säit vu sech. Am Track geet et drëms, mat enger Persoun zesummen ze sinn, déi een ausnotzt a manipuléiert. D'Dynamik vum Song soll déi permanent Ups an Downs aus enger toxescher Bezéiung duerstellen. D'Tyra seet selwer, dass "everytime I compromise to keep you in my life, I need to pay the price" seng Liblings-Zeil aus dem Song ass. Hatt hätt esou dacks Kompromësser gemaach fir de Fridden oprecht ze erhalen a géif et bereien sech mat esou mann Respekt behandele gelooss ze hunn. De Song wier fir d'Sängerin dat perfekt Ventill fir all seng Roserei gewiescht.

Aussergewéinleches:
Ënnert anerem a Frankräich, England, Däitschland an Dänemark konnt d'Tyra schonn Top-5- an Top-10-Plazéierungen an de Club-Charts erreechen. Op ganz villen Tracks huet d'Sängerin schonn héich sechs-stelleg Streams erreecht. Donieft huet hatt et elo och op éischt grouss Spotify- an Apple-Music-Playlists (Discover Weekly, New In Pop, New Music Daily, etc.) gepackt.

Fréier Hits:
Mat "Heartbeat", "Run To You" oder "Heavenly Way To Sin" konnt d'Tyra tëschent 2018 an 2020 eng éischte Kéier op sech opmierksam maachen. Mat de Releases vun "Dream Girl", "Underwater" a "Karma" hëlt seng international Karriär zanter Mëtt 2021 elo awer réicht esou richteg Faart op!

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Raye, Cat Burns, Lady Gaga & SZA