Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Leony!

Fakten: 
Déi däitsch Musekerin ass zeréck mat senger neier Single "Somewhere In Between". Dass hatt poppege Sound a catchy Hooks kann, huet d'Leony schonn op senge leschten Tracks bewisen. Och déi nei Single bleift no deem éischte Lauschteren direkt am Kapp. Thematesch befaasst d'Sängerin sech mam Fait, dass Leit probéiert hunn, hatt vu Klengem un an een Tirang ze stiechen. Am Song séngt d'Leony dovun, dass hatt doduerch laang irritéiert war a sech op der Sich no sech selwer verluer huet. Haut wier hatt esouwuel d'Leony, eng selbstbewosst Fra op der Bün, op der Tëlee oder um Radio, mee och d'Leonie, dat léift Meedchen aus Bayern. "Ich bin irgendwo dazwischen und ganz viele Dinge gleichzeitig und genau das ist es, was mich ausmacht", esou d'Sängerin.

Aussergewéinleches:
"Somewhere In Between" ass net nëmmen den Titel vum Leony sengem neie Song, et ass gläichzäiteg den Titel-Track vu sengem neien Album, deen dir vun elo u virbestelle kënnt. Am Mee huet een dann och d'Chance d'Leony live ze gesinn, ënnert anerem spillt hatt Concerten zu Frankfurt oder Köln.

Fréier Hits:
Ewéi uewe schonn erwäänt: Poppege Sound a catchy Hooks kann d'Leony! Dat huet hatt ënnert anerem scho mat Songs ewéi "Faded Love", "No More Second Chances" oder "Remedy" ënner Beweis gestallt. Donieft hat d'Musekerin eng ganz Partie immens erfollegräich Kollaboratiounen mat VIZE ("Paradise"), mam Pascal Letoublon ("Friendships (Lost My Love)") oder mam Toby Romeo ("Crazy Love").

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Ilira, Lena, Lea & Alice Merton