Haut presentéiere mir déi ganz nei Single vum Callum Beattie!

Fakten:
De schottesche Singer/Songwriter Callum Beattie ass zeréck mat engem neie Release. Fir de 24. Februar huet de Museker de Release vun enger neier EP mam Titel "Vandals" ugesat. Als Astëmmung dorop, sinn elo schonn déi nei "Piano, Acoustic; Live"-Singles dobaussen. Nieft der bis elo onverëffentlechter Single "Home Free" sinn och "Mammy" an eisen Track vun haut "Dancing With Wolves" an enger akkustescher Piano-Versioun erauskomm.

Aussergewéinleches:
Viru Kuerzem huet de Callum Beattie eng Kriibs-Patientin per Facetime iwwerrascht. D'Katie, eng Infirmière vun der Kriibs-Statioun aus engem Spidol zu Edinburgh, hat um Aarm vun hirer Patientin e grousse Callum-Beattie-Tattoo entdeckt. Op Twitter hat hatt en Opruff un de Sänger lancéiert: "Hello @callumbeattieuk I'm a nurse in a cancer ward in Edinburgh and I'm looking after a massive fan of yours. A message/phone call from you would make her day." Doropshinn huet de Callum effektiv geäntwert an der Patientin eng riseg Freed gemaach.

Fréier Hits:
2020 huet de Callum Beattie säin Debut-Album "People Like Us" erausbruecht. Hei ware seng bis elo gréissten Hits "Salamander Street", "We Are Stars" a "Some Heroes Don't Wear Capes" mat drop. Och "Connection" war fir de Schott e groussen Erfolleg.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Dermot Kennedy, Newton Faulkner, Calum Scott & James Bay