Haut presentéiere mir déi nei Comeback-Single vum Miley Cyrus!

Fakten:
Mat de Wierder "New year, new Miley" huet d'Sängerin op de soziale Medien säi Comeback ugekënnegt. Elo ass den neien Track "Flowers" dann endlech dobaussen. Et ass déi éischt Single-Auskopplung aus sengem neien Album "Endless Summer Vacation", deen d'Sängerin fir den 10. Mäerz confirméiert huet. Et ass säin éischten Album-Release zanter 2020. Am Song "Flowers" verschafft d'Miley eng Trennung. Vill Fans ginn dovun aus, dass et sech heibäi ëm d'Trennung vu sengem Ex-Mann Liam Hemsworth handelt, grad well den Track och nach op deem sengem Gebuertsdag erauskomm ass. Am Géigesaz zu sengem leschte méi rockegen Album "Plastic Hearts", geet d'Amerikanerin am neien Track éischter a Richtung Disco-Funk.

Aussergewéinleches:
"I can buy myself flowers" ass déi éischt Zeil vum Refrain. Op der Websäit vum Miley Cyrus kënnt dir iech elo am iwwerdroene Sënn och selwer Blumme schenken. Hei kënnt dir ären Numm aginn an personaliséierte Post-It respektiv Insta-Story generéieren.

Probéiert et hei aus!

Fréier Hits:
Als Hannah Montanah hat d'Miley Cyrus tëschent 2006 an 2011 zwee Nummer-1-Hits a fënnef Top-5-Hits an den amerikaneschen Charts, dorënner "He Could Be The One". Bis elo huet d'Kënschtlerin 7 Alben erausbruecht. Zu senge groussen Hits "Wrecking Ball" oder "Noting Breaks Like A Heart (feat. Mark Ronson)". Aus dem leschten Album "Plastic Hearts" waren ënnert anerem "Prisoner (feat. Dua Lipa)", "Angels like You" oder "Midnight Sky" erfollegräich.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Demi Lovato, Selena Gomez, Noah Cyrus & Kesha