Den däitsche Singer a Songwriter huet mat "Dreamer" no enger Paus eng nei Single released.

Fakten:

Den nach zimmlech jonke Singer a Songwriter Malik Harris ass no enger klenger Paus elo zeréck mat senger neier Single "Dreamer". Nodeems de Museker 2022 och scho vir Däitschland beim ESC mat dobäi war, huet hie lo seng éischt nei Single released. An der Single "Dreamer" séngt de Malik Harris vu sengem Dram vir Museker ze ginn. Hei beschreift hien och d'Héichten an Déiften déi him um Wee bis heihinner begéint sinn. "Dreamer" ass dann och dee richtegen Titel wann een sech de Sound vun der Single ulauschtert.

Aussergewéinleches:

De Malik Harris ass scho säit e puer Joer an der Museksbranche ënnerwee. Am Joer 2022 war hie bäim Eurovision Song Contest fir Däitschland mat dobäi. Leider konnt hien hei mat just 6 Punkten nëmmen déi lescht Platz beleeën. No enger Paus huet hie lo wärend der Sylvester-Party beim Brandenburger Tor nei Musek presentéiert.

Fréier Hits:

Zum Museker senge gréisseren Hits gehéiere Lidder wéi "Rockstar", wat hien och beim ESC presentéiert huet. Awer och "Better Days" oder "Say The Name" si Lidder déi a kenger Setlist vum Malik Harris dierfe feelen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Myle, Jesse Tellem, ELI