Haut stelle mer déi nei Single vun der jonker brittescher Singer a Songwriterin vir.

Fakten:

1994 ass d'Freya Ridings am Norde vu London op d'Welt komm an och hei opgewuess. Elo ass déi brittesch Musekerin zeréck mat sengem neiste Song "Weekends". Dës Single ass dann och direkt déi éischt Single-Auskopplung vum Freya Ridings sengem neien Album "Blood Orange" dee fir de 5. Mee 2023 geplangt ass. Dëst ass deen zweete Studioalbum deen d'Sängerin op de Marché wäert bréngen. D'Single "Weekends" ass eng Mëschung tëschent enger Ballad an engem Uptempo-Popsong deen definitiv Loscht op der Sängerin säin neien Album mécht.

Aussergewéinleches:

Mam Freya Ridings senger bësse méi aaler Single "Lost Without You" war d'Sängerin nom Kate Bush am Joer 1985 déi éischt weiblech Musekerin, déi an den UK-Top-10 Charts stoung mat enger Single déi komplett eleng geschriwwe war. Domat  war dee Wee och direkt fräi fir dem Freya Ridings säin Debut-Album, deen international immens gutt ukomm ass a vill Präisser gewonnen huet.

Fréier Hits:

Dem Freya Ridings seng bekanntste Lidder si mat Sécherheet "Lost Without You" aus dem Joer 2019 oder "Castles". Mat dëse Lidder huet d'Sängerin och scho Millioune Streams op Spotify erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Grace Carter, Frances, Billy Lockett