Den däitschen DJ Alle Farben huet sech fir seng nei Single Ënnerstëtzung vun engem iresche Kolleeg geholl.

Fakten:

Den däitschen DJ Frans Zimmer alias Alle Farben huet mat "I Need To Know" seng neiste Single released. No sengem Mega-Hit "Alright" zesumme mat der schwedescher Sängerin Kiddo huet den Dj sech fir seng neiste Single mam iresche R&B Sänger Flynn zesummegedoen. De Flynn ass duerch säi Lidd "Recognise" zesumme mam Lost Frequencies bekannt ginn. Seng markant Stëmm suergt awer och bei "I Need To Know" dofir, dass d'Lidd direkt am Ouer hänke bléift.

Aussergewéinleches:

Säit 14 Joer ass de Berliner Museker Alle Farben als Dj aktiv. An der Heemecht war hie laang de Geheimtipp, éier him 2014 mat "She Moves" den Duerchbroch gegléckt ass.

Fréier Hits:

Den DJ Alle Farben ass duerch seng Remixe vu bekannte Lidder an duerch d'Zesummenaarbecht mat grousse Museker bekannt ginn. Lidder wéi "Supergirl" oder "Running Back To You" waren seng éischt grouss Hits. Spéitstens mam Lidd "Alright" zesumme mam Kiddo, huet hien sech fest un der Spëtzt vun den internationalen Charts positionéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Axwell, Ingrosso, Felix Jaehn