D'Ava Max huet mat "One Of Us" eng weider Singleauskopplung vu sengem nächsten Album op de Marché bruecht.

Fakten:

D'Ava Max ass no sengen Hit-Single "Weapons" an "Million Dollar Baby" elo zeréck mat enger neier Single aus sengem nächsten Album "Diamonds & Dancefloors", deen de 27. Januar soll erauskommen. An der neier Single "One Of Us" séngt d'Ava Max vu Bezéiungen an dass een heiansdo op engem Punkt ukënnt, wou ee mierkt, dass d'Gläichgewiicht an der Bezéiung net méi stëmmt. Hei géif dacks eng Persoun nach méi an d'Bezéiung investéiere wéi déi aner an da géif et ufänke kritesch ze ginn. Och wann et ee bësse méi trauregen Inhalt vum Text ass, ass de Sound vun dëser Single awer éischter am Disco-Pop gehalen, wat déi ganz Single rëm bësse méi oplackert.

Aussergewéinleches:

D'Ava Max ass am Joer 1994 ënnert dem Numm Amanda op d'Welt komm. Mat 13 Joer huet d'Musekerin awer fir sech entscheet just nach ënnert dem Numm Ava opzetrieden. Wéi d'Ava Max dunn op Los Angeles wunne gaangen ass fir seng Musekskarriär ze lancéieren. Hei huet hat dann um Ufank just vun 20 Dollar d'Woch gelieft.

Fréier Hits:

Zu deene ganz groussen Hits vun der Sängerin gehéiere Lidder wéi "Sweet but Psycho" oder och "Kings & Queens". Mat dëse Lidder ass d'Ava Max op der ganzer Welt bekannt ginn an huet och eng Rei Präisser domadder gewonnen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Mabel, Rita Ora, Camila Cabello