Bei dëser Single hunn sech déi grouss aus zwou Generatiounen zesummegedoen.

Fakten:

D'Single "Komet" ass fir déi däitsch Museksgeschicht warscheinlech eppes ganz Spezielles. Hei hunn sech nämlech zwee ganz grouss Museker aus zwou verschiddene Generatiounen zesummegedoen. Den Udo Lindenberg ass mat senge 76 Joer schonn eng ganz Zäit an der Musekswelt ënnerwee. Den Apache 207 ass mat senge jonke 25 Joer awer och schonn ee vun deene bekanntste Rapper an huet mat "Roller" dee ganz groussen Duerchbroch gehat. Elo hunn déi zwee Museker sech fir d'Single "Komet" zesummegedoen an ee Lidd released, wat esouwuel rockeg Téin huet wéi och dem Apache 207 seng bekannte Rap-Versen.

Aussergewéinleches:

Dës Zesummenaarbecht ass dann och just entstanen, vue dass déi zwee Museker sech géigesäiteg wierklech respektéieren. Och wann si gefillt aus zwou komplett verschiddene Welte kommen, war den Apache 207 wärend dem Udo Lindenberg senger leschter Tour op Besuch an och ëmgedréint. Fir den Apache 207 ass den Udo Lindenberg och einfach eng Legend mat der hie schonn ëmmer eng Kéier schaffe wollt. Wärend hirer Tournée ass dann och déi éischt Iddi komm fir eng Single zesummen erauszebréngen.

Fréier Hits:

Den Apache ass duerch säin Hit "Roller" am Joer 2019 bekannt ginn. Kuerz drop war et ee richtegen Hype ronderëm hie ginn a mat Lidder wéi "200 km/h" oder "Madonna" huet hien dësen och net ofschwäche gelooss. Den Udo Lindenberg steet säit iwwer 50 Joer op der Bün an huet mat "Cello", "Horizont" oder "Warum sind Kriege da" bekannt ginn. Duerch seng markant Stëmm ass hie bis haut nach ee vun deene bekanntsten däitsche Rockmuseker.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Herbert Grönemeyer, BAP, Bozza