De brittesche Museker huet déi éischt Single fir dëst Joer erausbruecht.

Fakten:

Och dem Ed Sheeran seng Karriär huet net vun haut op muer direkt ganz uewen ugefaangen. Ier de brittesche Superstar bekannt ginn ass, gouf hie vum Online-Jugendsender SBTV ënnerstetzt, deen deemools vum Jamal Edwards geleet ginn ass. Dësen ass duerno och zum gudde Kolleeg vum Ed Sheeran ginn. Leider ass den Jamal am Januar 2022 gestuerwen an den Ed Sheeran huet dëse Freestyle mam Numm "F64" fir hie geschriwwen. Eng Single mat engem ganz emotionalen Text an engem Sound deen ee bis elo net esou vum brittesche Museker kannt huet.

Aussergewéinleches:

Am Museksvideo vun der Single "F64" steet den Ed Sheeran matzen am eidele Stadion Stamford Bridge vum FC Chelsea, vun dem den Jamal Edwards jorelaang Fan war. De Video ënnersträicht dann nach eng Kéier déi emotional Wierder, déi den Ed Sheeran u säi laangjärege Frënd voller Trauer an Emotioune riicht.

Fréier Hits:

Den Ed Sheeran ass duerch Lidder wéi "Perfect", "Shape Of You" oder "Bad Habits" net méi aus der moderner Pop-Musek ewechzedenken. Seng Lidder dierften doduerch och zimmlech jidderengem op der Welt bekannt sinn, wat aus him ee richtege Superstar mécht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Sam Smith, Shawn Mendes, James Arthur