Déi finnesch Sängerin huet mat dëser Single ee ganz emotionalen a perséinlechen Track released.

Fakten:

Déi 26 Joer al finnesch Sängerin ALMA ass bekannt fir seng faarweg gefierften Hoer awer och fir seng markant Stëmm. Elo ass hat zeréck mat senger neier Single "Hey Mom Hey Dad". Dëst ass eng zimmlech perséinlech an emotional Single vue dass d'Musekerin an dëser Single dovunner séngt, wéi hat a seng Schwëster sech schonn als Kanner hu missen ëm hir Eltere këmmeren déi allen zwee am Rollstull souzen. Dëst war eng schwéier Zäit fir si vue dass et eng immens grouss Verantwortung fir Kanner war. Dës Single ass dann no "Summer Really Hurt Us" déi zweet Single Auskopplung vum Alma sengem zweeten Album, deen dëst Joer nach soll erauskommen.

Aussergewéinleches:

D'Sängerin ALMA ass virun 9 Joer mat 17 Joer bei der finnescher Talent Show "Idols" fir déi éischte Kéier opgetrueden. Nodeems hat hei an der Sendung déi 5. Platz erreecht hat, huet et nach zwee Joer laang gedauert, bis hat säin éischte Kontrakt mat Universal Music kritt huet. Niewent sengen eegene Lidder schreift d'ALMA ënnert anerem och Lidder fir Stare wéi d'Lana De Rey oder d'Ariana Grande.

Fréier Hits:

Säin éischten Album huet d'Musekerin am Joer 2020 erausbruecht a stoung fir 6 Wochen a Finnland op der Platz 1 vun den Charts. Zu senge bekannte Lidder gehéieren da Songs wéi zum Beispill "Chasing Highs" oder "Dye My Hair".

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Charli XCX, Ariana Grande, Lana Del Rey