Den däitsche Singer a Songwriter huet no senger Hit Single "I Believe" lo eng nei Single released.

Fakten:

De 25 Joer aalen Tim Kamrad huet no sengem Erfolleg am leschte Joer mat senger Single "I Believe" lo den 20. Januar säi ganz neien Track "Feel Alive" op de Marché bruecht. An dëser Single, déi definitiv fir gutt Laun suergt, geet et dorëms, dass een heiansdo am Liewen säi Selbstvertraue rëmfënnt an doduerch rëm méi Spaass an Zouversiicht am Liewe fënnt. De Kamrad selwer sot, dass hie säit laangem net méi sou vill Spaass beim Schreiwe vun enger Single hat ewéi bei dësem Track.

Aussergewéinleches:

De Kamrad huet am Joer 2018 mam Album "Down & Up" säin Debut geféiert. De groussen Duerchbroch war awer nach net gepackt wouduerch sech am Joer 2021 seng Plackefirma vun him getrennt huet. Dëst war laut dem Sänger säin Déifpunkt vu senger Karriär. Duerch seng Hit-Single "I Believe" huet hien awer d'Freed un der Musek rëmfonnt gehat. De 5. Mee wäert den däitsche Museker dann och hei am Land op der Bün "op der Schmelz" stoen.

Fréier Hits:

Och wann de Kamrad an deene leschte Joren eng ganz Rei u Lidder rausbruecht huet, ass awer keent sou viral gaange wéi seng Single aus dem Joer 2022 "I Believe". Mat dëser huet hien definitiv den Duerchbroch an der internationaler Museksbranche gepackt. Op Spotify gouf dës Single dann och scho méi wéi 62 Millioune mol gelauschtert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

ClockClock, Myle, Malik Harris