Déi dänesch Band Lukas Graham huet viru kuerzem säin neien Album "The Pink Album" op de Marché bruecht.

Fakten:

Di dänesch Band Lukas Graham huet sech am Genre Soul, Funk, Hip-Hop a Pop néier gelooss. Mat Hits wéi "7 Years" an "Love Someone" goufe si international bekannt. Elo hu si dann och hiren neisten Album "4 (The Pink Album)" released, op dem dann och hir Single "One By One" mat drop ass. An der Single geet et dann och dorëms, dass si sech kloer gi sinn, dass jiddereen eng Kéier stierft an dass dat een immens traurege Gedanke wier. Eng aner Iddi an der Single ass dann och nach de Moment an deem d'Kanner vun doheem erausplënneren an dat och fir d'Elteren een traurege Moment ass. Fir d'Band Lukas Graham war dëst een extrem emotionalen Dag am Studio wärend deem och déi eng oder aner Tréin gefloss ass.

Aussergewéinleches: 

D'Band Lukas Graham gouf mat hire leschten Albumen och schonn eng Rei mol Kéiere mat enger Platin Auszeechnung ausgezeechent. Mat iwwer 6 Milliarde Streams weltwäit gehéieren si och zu enger vun deene meescht gelauschterte Bands am Pop Beräich.

Fréier Hits:

D'Band Lukas Graham vu Kopenhagen gëtt et schonn zanter 2010. Mat der Single "7 Years" hunn si 2016 international fir grouss Begeeschterung gesuergt a si goufen domat 3 mol fir e Grammy nominéiert. Bis elo hunn di 4 Bandmemberen 3 Alben op de Maart bruecht.  "3 (The Purple Album)" hunn si am Oktober 2018 eraus bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

KESI, Joey Moe, Mads Langer