
Haut stelle mer dem Sam Smith säi Song "I'm Not Here To Make Friends" vir, deen och op sengem neien Album mat drop ass.
Fakten:
Den neie Song vum Sam Smith zesumme mam Calvin Harris ass ënnert dem Numm "I'm Not Here To Make Friends" erauskomm. Am Song geet et dann haaptsächlech dorëms, dass een heiansdo op dem Punkt ukomm ass, wou ee genuch Kolleegen huet an och ganz frou mat dësen ass. Vun dësem Moment u géif een och keng weider Frënn méi sichen an et wier een domadder heiansdo iwwerfuerdert. De Song ass dann och Deel vu sengem neien Album "Gloria" deen de 27. Januar 2023 erauskomm ass.
Aussergewéinleches:
D*e Sam Smith hat säi groussen Duerchbroch eigentlech mat senger Single "Writing's on the Wall", wat den Titelsong fir den James Bond Film "Spectre" war, an esouguer een Oscar abruecht huet. Awer och bei de Grammys huet d*e Sam Smith well zimmlech ofgeraumt an huet am Joer 2015 direkt 4 Stéck mat heem geholl.
Fréier Hits:
Am Joer 2014 ass dem Sam Smith säin éischten Album "In the Lonely Hour" op de Marché komm. Dëse stoung dann och direkt a Groussbritannien op der 1 vun den Charts. Säin zweeten Album stoung souguer an Amerika un der Spëtzt vun den Charts. Säi gréissten Hit war awer seng Single "Stay With Me" déi herno och weltbekannt gi war.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
James Bay, Calum Scott, James Arthur