Den australesche Sänger a Rapper "The Kid Laroi" huet mat "Love Again" seng éischt Single fir 2023 released.

Fakten:

Nodeems de Rapper a Museker The Kid Laroi am Juni 2022 hei zu Lëtzebuerg op Besuch war a seng Fans virun enger ausverkaafter Concertshal begeeschtere konnt, ass hien elo endlech zeréck mat neier Musek. D'Single "Love Again" geet dorëms, dass et heiansdo schwéier wier eng Bezéiung zesummen ze halen an der eigentlech kee méi well an trotzdeem kee well opginn. Dës Single wäert dann och um Sänger sengem éischten Album "The First Time" mat drop sinn, deen nach am Joer 2023 soll erauskommen.

Aussergewéinleches: 

De Museker huet huet elo awer net nëmmen nei Musek erausbruecht mee hien ass och deel vum Videospill "Fortnite". Hei huet hien ënner dem Numm "The Kid LAROI's Wild Dreams" zesumme mat den Entwéckler vum Spill eng eege kleng Welt geschaaft. Ënnert anerem kann een hei ee virtuelle Concert vum Museker besichen. Säit dem 27. Januar ass dëse Feature am Spill online a wäert hei fir déi nächst 3 Méint mat dra bleiwen.

Fréier Hits:

De jonke Museker ass duerch Lidder wéi "Whithout You" bekannt ginn. Säi ganz groussen Duerchbroch hat den Australier awer mat senger Single "Stay" zesumme mam Justin Bieber. Mat dëser stoung hien och esou zimmlech op der ganzer Welt un der Spëtzt vun den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Polo G, Scorey, 24K Goldn