
© Ferdy Damman / ANP / AFP
Déi amerikanesch Sängerin huet deen nächsten Track vu sengem nächsten Album "Trusfall" released.
Fakten:
Nodeems d'P!nk schonn déi éischt Single-Auskopplung "Never Gonna Not Dance Again" vu sengem neien Album "Trusfall" erausbruecht hat, ass déi amerikanesch Musekerin lo zeréck mat der nächster Single. D'Single "Trusfall" heescht dann och wéi den Album, deen de 17. Februar soll erauskommen. Dëse Song huet d'P!nk dann zesumme mam Fred Again.. an dem Johnny McDaid vu Snow Patrol produzéiert. D'Single huet dann awer och rëm zimmlech Dance-Beats, déi direkt fir gutt Laun suergen. No deenen éischten zwee Lidder kann een hei och scho gesinn a wéi eng Richtung dem P!nk säin 9ten Album geet.
Aussergewéinleches:
D'Pink gehéiert säit den Ufanks 2000er Joren zu deene bekanntste Musekerinnen op der Welt an huet mat méi wéi 40 Millioune verkaaften Alben och gewisen dass hat ganz uewe matspille kann. Mee d'Pink ass net nëmme fir seng Musek bekannt mee och fir déi ganz dacks seriö Texter a senge Lidder déi och mol politesch kenne ginn.
Fréier Hits:
Am Joer 2000 koum säin Debutalbum "Can't Take Me Home" op de Maart, a schonn déi éischt Single "There You Go" huet Plaz 7 vun de US Billboard Charts erreecht. Weltwäit berüümt gouf hatt 2 Joer méi spéit mam Album "Missundaztood" an den Hits "Get The Party Started" grad wéi "Just Like A Pill". 2002 krut hatt de Grammy fir d'Interpretatioun vum Song "Lady Marmalade" zesumme mam Lil' Kim, Mya a Christina Aguilera.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Anastacia, Christina Aguilera, Alanis Morissette