No sengem Album huet déi spuenesch Sängerin lo seng éischt nei Single released.

Fakten:

D'Rosalía huet sech mat senger aussergewéinlecher Kombinatioun vu klasseschem Flamenco mat elektronesche Beats an der leschter Zäit an der Musekszeen en Numm gemaach. Mam Album "El Mal Querer" vun 2018 ass him den internationalen Duerchbroch gelongen. Dono koumen e puer renomméiert Features, ënner anerem am Hit "Con Altura", dee mam J Balvin a mam El Guincho entstanen ass. Elo ass déi spuenesch Sängerin zeréck mat sengem neie Song "LLYM" wat esou vill heescht wéi "Lie Like You Love Me".

Aussergewéinleches:

Déi spuenesch Sängerin Rosalía huet a senger Karriär dann och scho mat anere grousse Museker zesummegeschafft. Mat der Single "Con Altura" zesumme mam J Balvin an "TKN" mam Travis Scott huet hatt et bis ganz no uewe gepackt. Awer och mam The Weeknd huet d'Sängerin an der Single "La Fama" zesummegeschafft gehat.

Fréier Hits:

2019 war d'Rosalía schonn op "Barefoot In The Park" vum James Blake Album "Assume Form" ze héieren, an zesumme mam  J. Balvin op sengem Hit "Con Altura".

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Carly Rae Jepsen, Lorde, Dua Lipa