Fir d' Single "Weekends hunn sech zwee grousser aus der EDM Branche zesummegedoen.

Fakten:

De britteschen DJ Jonas Blue ass elo zeréck mat senger Single "Weekends" déi hien zesumme mam däitschen DJ Felix Jaehn produzéiert. Doraus ass een Track entstanenen dee mat sengen 149 Beats pro Minutt schonn éischter bësse méi ee séieren Dance-Track ass. D'Single mécht dann awer schonn definitiv Loscht op de Summer 2023. Am Text vun der Single geet et dann awer ëm bësse méi een trauregen Hannergrond. Hei gëtt vun engem gebrachenen Häerz gesongen an enger Léift déi sech opléisst.

Aussergewéinleches:

An der Welt vun den DJen an der EDM Musek ass et scho laang normal dass verschidde Kënschtler zesummeschaffen. Fir den Jonas Blue an de Felix Jaehn war et awer lo déi éischte Kéier dass si zesummen eng Single released hunn.

Fréier Hits:

De britteschen DJ a Produzent Jonas Blue hat mat senger Debutsingle, der Covernummer „Fast Car", a ganz Europa een Hit.  D'Single huet sech gläich an e puer Länner an den Top 10 vun den Charts placéiert gehat.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Mike Perry, Felix Jaehn, Martin Jensen