
Déi däitsch-amerikanesch Musekerin Kim Petras huet mat "brr" seng neiste Single released.
Fakten:
Déi däitsch-amerikanesch Musekerin Kim Petras huet viru kuerzem réischt seng lescht Hit-Single "Unholy" zesumme mam Sam Smith op de Marché bruecht fir déi si zwee och dëst Joer ee Grammy fir de beschte Pop-Duo Track . Un dësem Erfolleg wëll d'Musekerin dann och lo mat senger neister Single "brr" uknäppen. De Sound vun der Single ass definitiv poppeg a bleift direkt am Ouer hänken. An der Single geet et eigentlech dorëms, dass een a sengem Liewe weess wat ee well an dass een ee Mënsch fënnt dee sech net vun engem aschüchtere léisst mee einfach just cool bleift.
Aussergewéinleches:
Eigentlech ass d'Kim Petras zu Köln am Joer 1994 op d'Welt komm. Fir seng musikalesch Karriär ze pushen huet d'Kim Petras awer entscheet op Los Angles ze plënneren. Am Alter vu 15 Joer huet hatt dunn ugefaangen och seng éischt eege Lidder ze schreiwen a séier huet hatt an der Branche Fouss gefaasst.
Fréier Hits:
D'Kim Petras huet am Joer 2018 säin éischten Album "Turn Off The Light" op de Marché bruecht gehat, deen him nawell eng Rei Dieren an der Museksbranche opgemaach huet. Aktuell ass d'Musekerin dann international an den Charts vertrueden an dat mat senger Kollaboratioun mam Sam Smith an der Single "Unholy" déi immens gutt ukomm ass.
Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Allie X, Shygirl, Chase Icon