Haut stelle mer déi ganz nei Single vum Ellie Goulding sengem nächsten Album "Higher Than Heaven" vir.

Fakten

Déi brittesch Sängerin Ellie Goulding dierft spéitstens no sengem Hit "Burn" am Joer 2013 jidderengem ee Begrëff sinn. Elo ass d'Musekerin zeréck mat senger aktueller Single "Like A Saviour" zeréck. Am Oktober huet déi brittesch Musekerin Ellie Goulding ugekënnegt gehat, dass een neien Album am Joer 2023 géif erauskommen. De Longplayer "Higher Than Heaven" soll dann de 24. Mäerz erauskommen a schonn dee 5ten Album vun der Sängerin sinn. Elo huet d'Ellie Goulding dann och eng weider Single-Auskopplung released. "Like A Saviour" ass no "Easy Lover", "All By Myself" an "Let It Die" elo déi véiert Single vum Album.

Bei der Single gouf sech dann och bëssen un den 80er Joren inspiréiert an trotzdeem bleift et eng modern Pop-Single déi genuch Energie huet.

Aussergewéinleches

D'Ellie Goulding war vun 2011 bis 2012 mam amerikaneschen DJ a Museksproduzent Skrillex zesummen, deen an der Zäit och zum Mega-Star ginn ass. Schonn am Alter vu nëmme 15 Joer huet d'Musekerin sech och selwer bäibruecht Gittar ze spillen an huet dunn och seng éischt Lidder geschriwwen. Niewebäi kann d'Musekerin dann awer och nach Perkussioun a Klarinett spillen.

Fréier Hits

Déi 35 Joer al brittesch Sängerin Ellie Goulding hat am Joer 2013 säi groussen Duerchbroch mat der Single "Burn" mat der hat et international zimmlech iwwerall bis ganz no uewen an d'Charts gepackt hat. Awer och säi leschten Album "Brightest Blue" war immens gutt ukomm a stoung international och wäit uewen an den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Tove Lo, Dua Lipa, Rita Ora