
© Versavia Peckels
De lëtzebuergesche Rapper a Produzent huet seng éischt Single fir dëst Joer released.
Fakten
Nodeems den Turnup Tun an deene leschte Méint jo schonn d'Single "Mamacita" an "Camouflage" zesumme mam Chaild released hat, ass hien elo zeréck mat engem neie Song. Den Titel "Nach e Kuss" huet den Turnup Tun viru méi wéi engem Joer schonn zu Berlin geschriwwe gehat, nodeems seng deemoleg Bezéiung an d'Bréch gaange war. Et ass een immens perséinlecht an emotionaalt Lidd wat dovunner handelt, dass een eigentlech weess dass d'Bezéiung eriwwer wier een awer trotzdeem nach ëmmer géif Fotoen oder Instagram kucken. Den Turnup Tun wäert dann och an deenen nächste Méint säin neien Album erausbréngen, ob deem hien dann och eng Rei Situatiounen aus sengem Liewe verschafft huet.
Aussergewéinleches
Den Tun Tonnar ass awer och net nëmmen als Rapper ënnert dem Alias Turnup Tun ënnerwee mee och als Produzent wou hie mat immens ville grousse lëtzebuergesche Museker well zesummegeschafft huet. Hei huet hien sech och schonn a Lëtzebuerg wéi och zu Berlin een Numm gemaach.
Hei kann een dann och eng Kéier kucke wéi hien am Studio schafft:
Fréier Hits
Den Tunup Tun ass säit Joren an der lëtzebuergescher Museksbranche ënnerwee an huet och schonn eng ganz Rei u Lidder released. Zu senge groussen Hits gehéiere Lidder wéi "Stau", "Schëdden" zesumme mam DJ Nosi, oder och seng méi aktuell Single "Mamacita" an der hie bësse méi emotional ginn ass.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tommek, Maz, Ragga