
© Youtube Screenshot
Haut stelle mer déi nei Single vum brittesche Singer a Songwriter "Light It Up" vir, déi definitiv fir gutt Stëmmung suergt.
Fakten
De brittesche Singer a Songwriter Moss Kena ass zeréck mat senger éischter Single am Joer 2023. Den Track "Light It Up" ass eng Single déi definitiv fir gutt Laun suergt an duerch säi markante Refrain direkt am Ouer hänke bléift. Dësen Track huet de Museker zesumme mam brittesche Produzenten-Duo Super-Hi released, déi och scho vir den David Guetta, Charlie Puth oder Green Day produzéiert hunn. Am Song geet et ëm d'Gefill wat een huet wann een an engem grousse Publikum steet op engem Concert oder engem Festival an dee Moment einfach alles gutt ass. Et well een dass dëst Gefill einfach fir ëmmer bléift. Hei géif een den Zesummenhalt an d'Léift tëschent de Leit einfach spieren.
Aussergewéinleches
Scho mat 18 Joer huet de Moss Kena deemools säin éischte Kontrakt mat enger Plackefirma ënnerschriwwen. Duerno huet hien dann och direkt eng ganz Rei u Lidder an EPs released. Hannert dem Erfolleg huet de Moss Kena allerdéngs mat enger Alkohol- an Drogesucht gekämpft. Dës Sucht krut hien eréischt wärend der Pandemie am Joer 2020 an de Grëff. Hie seet selwer dass d'Sucht hien am Alter vu just 22 bal ëmbruecht hätt.
Fréier Hits
Dem Moss Kena säi gréissten Hit a säin Duerchbroch hat hien zesumme mat Purple Disco Machine an der Single "Fireworks". Mat dëser ass hien international richteg duerchgestart. Awer och Lidder wéi "Primadonna" oder "It Wasn't Me" gehéieren zum Moss Kena senge bekannten Tracks.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Toby Romeo, Jarreau Vandal, KORRES